Imagevideo vum Innenminister

Réponse QP

12. Juni 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert den Imagevideo vum Innenminister un den Här Premierminister.

A senger Äntwert op meng Fro Nummer 731 zu der Finanzéierung vum Image-Video vum Här Inneminister schreift den Här Premierminister:  « aucune ligne budgétaire du ministère des Affaires intérieures, ni d’un autre ministère, ne fut engagée pour la réalisation du film en question ».

Gläichzäiteg huet den Inneministère der Press op Nofro matgedeelt: « La vidéo a été réalisée en interne par un collaborateur du département Communication du ministère des Affaires intérieures ». Dës zwou Aussoe kënnen net gläichzäiteg wouer sinn.

Meng Fro zum Sponsoring vum Video op de soziale Medie blouf iwwerdeems komplett onbeäntwert.

Dofir wéilt ech dem Här Premierminister follgend Froe stellen:

  • Wann de Video « en interne » realiséiert gouf, kënnen d’Steierzueler:innen dovunner ausgoen, dass de Video mat ëffentleche Gelder finanzéiert gouf, onofhängeg dovunner ob eng spezifesch Kreditlinn engagéiert gouf oder net?
  • Falls net, handelt et sech ëm Volontariatsaarbecht vum besote Mataarbechter ausserhalb vun den Déngschtzäiten?
  • Wien dréit d’Käschte vum Sponsoring vum Image-Video op de soziale Medien ?

 

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don