Déi gréng Fraktioun rekrutéiert
Green Job
15. Juni 2022
E*ng Mataarbechter*in an der Kommunikatioun (CDI / Vollzäit: 35 Stonne/Woch)
Du deels eis gréng Wäerter? Du interesséiers dech fir Politik an d’Zukunft vun eisem Planéit? Du hues eng Passioun fir sozial Medien a Kommunikatioun?
Da schéck deng Kandidatur bis den 10. Juli 2022 (inclus) un eis Fraktiounspresidentin Josée Lorsché.
Fëll dofir w.e.g. dëse Formulaire aus a schéck en op gdeltgen@chd.lu
Mir berécksiichtegen nëmme Kandidaturen, déi iwwert dëse Wee erakommen.
D’Virstellungsgespréicher si viraussiichtlech de Samschdeg 23. Juli moies an der grénger Fraktioun. En Test vu +/- 45 Minutten ass de Mëttwoch 20. Juli fir 19h00 geplangt,
Eng genee Beschreiwung vum Poste fënns du hei:
Zu dengen Aufgabe gehéieren ë.a.:
- Koordinatioun vun den Aktivitéite vun der grénger Fraktioun op eise verschiddene Social Media Kanäl
- Community-Management a Werbung
- Auswäertung an Analyse vun eisen Aktivitéiten op de soziale Medien
- Interne Conseil a Berodung fir eis Deputéiert
- Foto- a Bildveraarbechtung
Wat mir eis vun dir wënschen:
- E fundéierte Knowhow an e sécheren Ëmgang mat de soziale Medien a social media tools
- Eng Affinitéit fir d’Medielandschaft déi an engem stännege Wandel ass
- En Intressi un der grénger Politik an un de Positioune vun der grénger Fraktioun
- E gutt politescht Urteelsverméigen
- En Universitéitsstudium oder eng Ausbildung an engem relevante Beräich
- D’Fäegkeet fir komplex politesch Inhalter kënnen ze vermëttelen
- Stilsécher Formuléierungen a Schrëft a Sprooch – dat op Lëtzebuergesch, Däitsch Franséisch an Englesch. All aner Sprooch ass vu Virdeel
- Basis Kenntnisser vun Adobe CC si vu Virdeel, virun allem vu Photoshop, Premiere, InDesign an Illustrator
- E kale Kapp an den Iwwerbléck… och a méi hekteschen Zäiten
Wat mir dir offréieren:
- E spannend an dynamescht Aarbechtsëmfeld an enger kollegialer Equipe
- E vollzäit CDI. An der grénger Fraktioun ass dat eng 35 Stonnewoch
- Eng fair Pai, mat enger progressiver Grille de Salaire an engem 13. Mount
- Flexibel Aarbechtszäiten mat der Méiglechkeet deelweis aus dem Homeoffice ze schaffen
- D’Méiglechkeet fir dech weider ze forméieren
- Verschidden Offeren am Kader vun eiser Gesondheetsstrategie