Gesetzlech Konformitéit vun der sougenannter “Passerell” an d’Erzéierausbildung

Réponse QP

26. Juni 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert d’gesetzlech Konformitéit vun der sougenannter “Passerell” an d’Erzéierausbildung un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.

De Pilotprojet vun der sougenannter “Passerell” an d’Erzéierausbildung gëtt säit 2021 vun dem Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) an der Ecole nationale pour adultes (ENAD) ugebueden. Si erlaabt Absolvent*innen vun enger Première GSO direkt an d’Ofschlossjoer vun der Erzéierausbildung eranzeklammen. Si kréie sou d’Méiglechkeet, mat engem zousätzleche Joer de selwechten Diplom ze kréien, fir deen déi aner Kandidat*innen dräi Joer an d’Schoul ginn.En haut an der Press zitéierten Avis juridique kënnt zum Schluss, dass de Pilotprojet net am Accord mam bestoende gesetzleche Kader steet, an dass dofir ënnert Ëmstänn souguer d’Diplomer vun de Betraffenen kéinte fir ongülteg erkläert ginn.

An dësem Kontext erlaben ech mer, follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Wat ass dem Här Minister seng Aschätzung zu dem uewe genannten Avis juridique?
  • Respektéiert d’ “Admission conditionnelle” an d’Erzéierausbildung laut der Aschätzung vum Här Minister den Artikel 39 vum ofgeännerte Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwert d’Organisatioun vun de Lycéeën?
  • Wéi oft ass de Comité ministériel zesummekomm, deen an dësem Kontext virgesinn ass?
  • Gedenkt de Minister Rechtssécherheet ze schafen, andeems hien d’Gesetz respektiv d’Reglementer upasst?

Réponse

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don