Fuerplang bei der CFL

Réponse QP

2. Dezember 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert de Fuerplang bei der CFL un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Baute .

An de meeschte Länner vun der EU hunn d’Passagéier.innen d’Méiglechkeet hir Bus- an Zuchbilljeeën e puer Méint am Viraus ze kafen, wéi z. B. bei der Deutsche Bahn (DB), wou Tickete fir Reesen nom 15. Dezember 2024 scho säit dem 15. Oktober 2024 am Verkaf sinn. Wéinst dem dynamesche Präisssystem lount et sech fir d’Passagéier.innen, fréi ze buchen.

Leider ass et bei der CFL aktuell net méiglech säi gesamten Trajet vu Lëtzebuerg a Richtung Mannheim (a weider) nom 15. Dezember 2024 ze reservéieren. Fir dëst ze maache muss een zur Zäit separat Tickete fir seng Rees kafen. Eng Kéier e Busticket vu Lëtzebuerg op Saarbrécken, an e weideren Ticket ab Saarbrécken. Dëst schléit sech allerdéngs am Fall vun Annulatiounen oder Verspéidungen negativ op d’Rechter vun de Passagéier.innen néier well dës hir europäesch Passagéierrechter verléiere soubal et sech net ëm ee global gebuchten Trajet handelt.

Besonnesch betraff vun dëser Problematik ass d’Stréck Mannheim-Saarbrécken-Lëtzebuerg, wou den Zuch vu Mannheim dës Ëfteren mat enger Verspéidung vun 10-20 Minutten zu Saarbrécken ukënnt, an ee soumat säi Bus vu Saarbrécken op Lëtzebuerg verpasst. Domat huet een duerno e Retard vu minimum 1 Stonn, wann een zu Lëtzebuerg ukënnt. An dësem Zenario fält ee weder ënnert déi relevant Bestëmmunge vun den europäesche Passagéierrechter, well de Retard vun 10-20 Minutte bei der Arrivée zu Saarbrécken ze geréng ass, nach an d’Entschiedegungsrechter fir den Deel Saarbrécken-Lëtzebuerg well den Trajet net als Ganzt consideréiert gëtt.

Déi nei Fahrpläng vun der DB, déi am Dezember a Kraaft trieden, sinn an der Reegel all Joers ab ca. Mëtt September als „Vorentwurf“ bekannt, soudass eng besser Ofstëmmung vum Bus op den Zuch antizipéiert kéint ginn.

An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un d’Madamm Ministesch ze stellen :

  • Ass der Madamm Ministesch dëse spezifesche Problem bekannt?
  • Wa jo, wat gedenkt d’Madamm Ministesch dofir ze maachen, dass d’Passagéierrechter fir Zuchreesender vollëmfänglech garantéiert sinn?
  • Gedenkt d’Madamm Ministesch, Moossnamen ze ënnerhuele fir d’Ubannung tëscht Bus an Zuch op der Stréck Lëtzebuerg-Saarbrécken-Mannheim ze verbesseren? 

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don