Fräi politesch Tribün: Semiray Ahmedova zum Logement

Articles de presse

12. Januar 2021

2020 war e Krisejoer. D’sanitär Kris, déi mir erliewen, stellt eis Gesellschaft virun eng grouss Erausfuerderung. Nieft der Gestioun vun der “sanitärer-Kris”, hunn mir awer och weider dru geschafft fir di Logementskris ze entschäerfen.

Lescht Joer ass scho vill an dësem Beräich geschitt:

Sou hunn mir virun engem Joer d’Salubriteitesgesetz gestëmmt, wouduerch Mindestufuederunge fir Wunnenge resp. Kummeren, déi verlount ginn oder zur Verfügung gestallt ginn kloer gereegelt ginn. Domat ginn d’Rechter an d’Liewensqualitéit, besonnesch vu sozial schwaache MatbiergerInne gestäerkt.

Weider an dësem Beräich, hunn mir och di “individuell Wunnengshëllef” ugepasst déi d’Finanzement vun der “garantie locative” vereinfacht. Dëst Hëllef huet definitiv missten erhéicht gi fir, ënnert anerem, der Präisentwécklung um Locatiounsmarché kënne Rechnung ze droen.

Mir hunn och d’Locatairen an dëser Sanitärer Krise geschützt. Säit leschtem Joer Junli ass all Erhéijung vum Loyer verbueden.

Wat de Neibau ugeet, hunn mir d’Finanzéierungsgesetz gestëmmt fir de néie Quartier « Elmen » wou deemnächst abordabel Wunnengen entstinn. Dëse Quartier ass och no neien urbanistesch Critèrë geplangt ginn.

Fir méi Previsibilitéit, Transparenz an domadder eng besser Planbarkeet ze garantéieren, hu mir Ufank des Joer e Spezialfong kreéiert. Duerch dëse Fong ass et eis méiglech iwwert déi nächst 4 Joer ronn 1.000 abordabel Wunnenge pro Joer ze schafen.

E ganz kontroverse Punkt waren hei zu Lëtzebuerg D’FIS’en, déi sou genannt fonds d’investissements spécialisés. Mam Budgetsgesetz fir 2021 hunn mir Stéier-lächer fir déi Immobilienspekulatioun zougemaach.

Dëst Joer ginn d’Aarbechte virun a mir wäerte weider eng Dynamik bäibehalen:

Iwwert d’Reform vum “Bail à Loyer Gesetz” stäerke mir d’Rechter vun de Locatairen an d’Wunngemeinschaften kréien endlech een kloren legalen Kader…Well fir eis ass et wichteg, dat néi Wunnforme wéi an enger Gemeinschaft ze liewen, och sollen ënnerstëtzt ginn. Frais d’agence an d’Garantie locative ginn am Sënn vun de Locatairen néi gereegelt.

Mat der Reform vum Pacte Logement 2.0 leede mir ee Paradigmewiessel an. Mir ënnerstëtzen net méi einfach e Wuesstem, mä mir ënnerstëtze gezielt Schafe vun ëffentlechen, nohaltegen a bezuelbare Wunnraum.

Zil ass et di abordabel Wunnengen an der ëffentlecher Hand ze behalen an net méi no 10 Joer un de freie Marché ze verkafen, sou stäerke mir d’Resilienz vum abordabele Wunnengsmaart.

Och d’Reform vum Baulandvertrag ass e ganz wichtegen Deel vun der Wunnengsbaupolitik. Nei Terraine mussen an Zukunft schnell bebaut ginn, a ginn sou der Spekulatioun entzunn.

Parallel gëtt och um “observatoire de l’habitat transfrontalier” geschafft, wou een och en Erfahrungsaustausch mat dem Grenzgebitter kritt.

Dat si just puer vun de grousse Chantier, déi mir dëst Joer ugoe wëllen. D’Erausfuerderung ass grouss, mä zesumme packe mir dat.

Dofir starten ech mat Optimismus, mat vill Energie an zouversiichtlech an dat neit Joer eran.

 

Fir déi gréng,

Semiray Ahmedova, Deputéiert an Presidentin vun der Logementskommissioun vun der Chamber.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don