Fairtrade: 3 Froen un de Claude Adam

Archive

5. Oktober 2016

De Claude Adam war am Mee mat Fairtrade Lëtzebuerg eng Bananneplantage am Peru besichen. Een Interview iwwer dës Rees an de Fairtrade-Label.

Claude, firwat läit de Fairtrade-Label dir um Häerz?

Claude Adam: Fairtrade ass eng Initiativ, déi ech immens wichteg fannen, wëll se klenge Baueren an Aarbechter et erméiglecht, ee bessert Liewen ze féieren. Ofgesinn dovun, dass d’Baueren an Aarbechter ënner bessere Conditioune schaffen – onofhängeg vun engem multinationale Konzern – kuckt Fairtrade och no der Nohaltegkeet vun hire Produiten. Doriwwer eraus profitéieren awer net nëmmen d’Baueren aus der Regioun, mä d’Kommunitéite méi allgemeng,  well Fairtrade een Deel vum Präis rëm an der Géigend selwer investéiert, zum Beispill Schoulen oder an aner sozial Projeten ënnerstëtzt.

Du wars der dëst Joer an de Peru Bananne-Plantagen ukucken. Wat hues du do erlieft?

Claude Adam: Jo, zesumme mat Fairtrade Lëtzebuerg war eng kleng Delegatioun vun Politiker an Geshäftsleit op Samàn an der Provënz Piura am Norde vum Peru fir sech op der Plaz unzekucken, wat iwwerhaapt hannert dem Fairtrade-Label stécht. Sou konnt ech aus éischter Hand gesinn, firwat ee sech fir Fairtrade-Produiten, an dësem Fall Banannen, sollt entscheeden. Et war immens impressionant ze gesinn, wéi déi kleng Baueren dohanne schaffen, a wéi houfreg si op hir Aarbecht sinn. Bananne wuessen iwwert d’ganzt Joer, et gëtt also net just eng Récolte wéi bei eis beim Uebst. Op engem Hektar Banannen kënnen 3 Leit ee Joer schaffen an een Akommes fir hir Famill verdingen. D’Cooperative APPBOSA, déi mir besiche waren, huet d’Aarbecht vun iwwer 400 klenge Proprietären encadréiert an ass ee wichtegen ekonomesche Facteur do an der Géigend.

Fairtrade ass also méi wéi nëmme gudde Marketing…

Claude Adam: Vill Leit mengen, dass Fairtrade just ee Label ass fir Produiten zu engem méi héije Präis ze verkafen a gläichzäiteg ee rengt Gewëssen mat ze vermaarten. Dobäi hunn dës Wueren ee relle Mehrwert fir d‘ Produzenten an hir Communautéiten. Fairtrade Lëtzebuerg huet dofir och d’lescht Woch eng Kampagne gestart: „Make Bananas Fair!“, fir d’Leit fir hir Produiten ze sensibiliséieren. Bis 2020 wëlle si erreechen, dass d’Halschent vun de verkaafte Banannen hei am Land aus fairem Handel kommen, fir d’Zukunft vun de Baueren dohannen ze sécheren.

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don