Etude iwwert Initiativ „Central Northern European Military Mobility Area“ (CNE MMA)

Réponse QP

8. Oktober 2026

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Sam Tanson un d’Madamm Ministesch fir Verdeedegung.

An hirer Äntwert vum 22. Dezember 2025 op d’parlamentaresch Fro n°3229 iwwert d’Initiativ „Central Northern European Military Mobility Area“ (CNE MMA) huet d’Madamm Ministesch matgedeelt, datt eng Etüd géif gefouert ginn, fir ze préiwen, ob déi bestoend national Infrastrukturen och mëttel- a laangfristeg de verschiddenen zivillen a militäresche Besoine gerecht ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch follgend Froe stellen:

  • Wou ass dës Etüd aktuell drun? Ass si mëttlerweil ofgeschloss oder wéini ass mat hirem Ofschloss ze rechnen? Leien der Regierung schonn éischt Resultater oder Tëscheconclusioune vir, wat eventuell néideg Infrastrukturupassungen ugeet?
  • Wéini ass mat enger Bewäertung vun de finanziellen Auswierkunge vun eventuell néidegen Infrastrukturupassungen ze rechnen?

Question parlementaire

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don