Erkennung vu KI-generéierten Inhalter an der Schoul

Réponse QP

8. Oktober 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisen Députéierten Djuna Bernard an Meris Sehovic iwwert d’Erkennung vu KI-generéierten Inhalter an der Schoul un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Spéidstens säit der ëffentlecher Virstellung vun “ChatGPT” duerch d’Firma OpenAI, sinn déi kënschtlech Intelligenz an hir Auswierkungen op grouss Deeler vun eisem alldeegleche Liewen de Géigestand vu villen Diskussiounen, sief et ënner Expert.inn.en oder an der breeder Ëffentlechkeet. Ee vun de Beräicher, wou sech d’Fro vun den Auswierkunge vu KI-Programmer besonnesch dringend stellt, ass dee vun der Schoul. Nieft de Virdeeler, déi et sécher och ginn, gesi sech d’Enseignanten am Schoulalldag awer virun allem och mam Risiko konfrontéiert, dass d’Schüler.innen bei Prüfungen an Examen mat Hëllef vun der KI fuddelen. Eisen Informatiounen no gräifen eenzel Enseignanten schonn haut an Eegeninitiativ op Erkennungsprogrammer fir KI-generéierte Contenu zeréck.

Dëse Sujet war och schonns Thema vun der parlamentarescher Fro Nr 7495. Hei ass den deemolegen Här Educatiouns- an Héichschoulminister a senger Äntwert bei de konkrete Schrëtt virun allem op de Beräich vun der Universitéit agaangen. Weider huet de Minister deemools zouginn: “Wat den Ëmgang mat dëser neier Software an der Schoul ugeet, sou sti mir nach am Ufank vun engem Léierprozess.”

An dësem Kontext erlabe mir eis, follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Wees de Minister, ob d’Fuddele mat KI-Programmer e Problem ass, mat dem vill Enseignanten wärend dem ofgelafene Schouljoer am Secondaire oder esouguer am Fondamental konfrontéiert waren? Wa jo, féiert den Educatiounsministère Statistiken heizou? Gëtt et Zuelen dozou, wéivill Sanktiounen opgrond vu KI-Asaz décidéiert goufen?
  • Gëtt et konkret Recommandatiounen oder Reegele vum Educatiounsministère un d’Enseignanten, wéi si solle virgoe wa si mengen, e.ng Schüler.in hätt mat KI-Programmer gefuddelt? Wa jo, decken dës Consignen déi verschidden Etappe vun der Detektioun bis hin zu enger eventueller Sanktioun an de Recoursméiglechkeeten of?
  • Gëtt et eng offiziell duerch de Ministère unerkannt Software, fir KI-Inhalter ze erkennen, a wa jo, kréien d’Enseignanten dës zur Verfügung gestallt? Wann net, firwat, an op wéineger Grondlag solle si dann eventuell Sanktioune begrënnen?

Question parlementaire

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don