Entrevue mat Vertrieder vun der AMMD an Conseils médicaux

Archive

10. Oktober 2016

Kierzlech war d’Association des Médecins et Médecins-Dentistes zu Besuch an der grénger Fraktioun

D’Deputéiert Josée Lorsché huet d’Vertrieder vun der AMMD a vun de Conseils médicaux empfaang fir iwwer den neie Spidolsplang ze diskutéieren. Am Mëttelpunkt vun deem ganz opschlussräichen Austausch stoung d’Iddi vu regionale Zentre fir ambulant Operatioune mat enger adequater Noversuergung. Donieft war och d‘Gouvernance vun de Spideeler, déi am Gesetzprojet nei definéiert gëtt, e wichtegt Thema. An deem Kontext hunn déi eenzel Vertrieder d’Suerg em ze vill eng staark Kontroll vun den Dokteren ausgedréckt a waren der Meenung, datt d’Behandlungsmethoden net däerfen uniformiséiert ginn, well dat zum Nodeel vum Patient wier. Positiv bewäert gouf d’Tatsaach, datt d’Dokumentatioun iwwer d’Aktivitéiten an de Spideeler an Zukunft obligatoresch gëtt. 

v.l.n.r.: Josée Lorsché, Dr Alain Schmit, Dr Philippe Wilmes, Dr Claude Schummer

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don