Entrevue mat SOS Parents asbl.

Archive

18. Mai 2015

En Dënschdeg, 12 Mee, war „SOS Parents“ an der grénger Fraktioun op Besuch.

Bei engem Treffe mat eisen Deputéierte Josée Lorsché a Claude Adam hunn d’Angèle Enders an den Elvis Breda d’Missioun vun hirer ONG erklärt. Et geet „SOS Parents“ virun allem dorëms, méi Gerechtegkeet fir déi zwee Elterendeeler bei Scheedungs-Fäll ze schafen. D’ONG fuerdert dofir, d’Méiglechkeet vun enger „garde alternée“ am Gesetz ze verankeren. Dëse Prinzip vun der Kannerbetreiung no enger Scheedung, deen sech duerch de Grondsaz vun der der gemeinsamer Elternschaft (coparentalité) ënnerscheed, wier net nëmme méi gerecht fir béid Elterendeeler, mä géing sech laut wëssenschaftleche Studien och positiv op d’Kanner auswierken. Déi gréng ënnerstëtze virun allem d’Dimensioun vun der Chancegläichheet, déi duerch d’Méiglechkeet vun der gemeinsamer Elternschaft gestäerkt gëtt. SOS Parents bidd hire Memberen ee Mol am Mount psychologesch a juristesch Berodung un. Méi Informatioune fannt Dir op hirer Websäit.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don