Entrevue mat der Konsumenteschutz Associatioun ULC

Allgemeng

9. Januar 2020

Op Ufro vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) koum et den 20.12.2019 zu enger Entrevue zum Themeberäich „Banken & Finanzen“. Den Nico Hoffmann, President vu der ULC, den Direkter Guy Goedert an de Generalsekretär Marcel Laschette hunn de Fokus vun dësem interessanten Austausch mam gréngen Deputéierte Charles Margue an dem Attaché parlementaire Dan Michels, virun allem op d’Problematik vun den héijen, onsozialen an ontransparente Bankkäschte geluecht. D’ULC Vertrieder hunn an dem Kontext un d’Fuerderung vun der Nobesserung vun de gesetzleche Bestëmmunge vum 13. Juni 2017 erënnert, déi d’lescht Joer och bei der entspriechender Petitiounsdebatt an der Chamber als Piste zeréckbehale gouf. Weider Theme vun der Entrevue waren d’Eventualitéit vum Ofschafe vum Boergeld an d’Risiken déi domadder verbonne wären, genee wéi och d’Gefor vun negativen Zënse fir d’Verbraucher.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don