Entrevue mat dem Professer Earl Fry an der Amerikanescher Ambassade

Archive

20. Mai 2015

Den Amerikanesche Politikwëssenschaftler Prof. Earl Fry war d’lescht Woch an der grénger Fraktioun fir iwwert den TTIPze schwäetzen

Zesumme mat Heidi-Hakone L. Jovanovic (Head of the Political and Economic Section) an dem Alain Charlier (Political / Economic Affairs Specialist) vun der Amerikanescher Ambassade hei zu Lëtzebuerg huet de Prof. Fry mat eisem Députéierte Claude Adam an eisem Fraktiounssekretär Dan Michels eng Debatt iwwert di verschidde Knackpunkte vun TTIP gefouert. D’Theme waren ähnlech wéi déi vun der Entrevue vum 12 November d’lescht Joer. De Claude Adam huet virun allem op de Bréif vum Carole Dieschbourg un déi Europäescher Kommissärin fir Handel, d’Cecilia Malmström, higewisen. Am hirem Bréif huet déi gréng Ëmweltministesch hier Bedenken iwwert d’Auswierkunge vum TTIP op europäesch Ëmweltnormen ervirgestrach. Si huet deementspriechend Froe formuléiert a mir waarde lo gespaant op der Kommissärin hier Äntwert. Fir de Claude Adam ass niewent den Ëmwelt- an de soziale Critèren, och nach ëmmer d’Transparenz ee vun de ville Knackpunkte vum TTIP. déi gréng bleiwe weiderhin extrem kritesch vis-à-vis vu private Schiedsgeriichter. Déi nei Iddi vun engem „ëffentlech-rechtlechen“ internationale Schiedsgeriicht, wat allerdéngs eiser Meenung no bei der UNO sollt ugesidelt ginn, wär awer e Fortschrëtt par Rapport zum aktuellen ISDS-Mechanismus.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don