Entrevue mat dem CCAL

Archive

20. Mai 2015

Zum Thema „Wäerteunterrecht“ hat de Claude Adam d’lescht Woch eng Entrevue mam Cercle de Coopération des associations laïques (CCAL), een Zesummeschloss aus AHA Lëtzebuerg, der FGIL, der Ligue de l’Enseignement, der Liberté de Conscience an der Libre Pensée.

D’Vertrieder vum CCAL hunn dem Claude Adam hir Bedenke matgedeelt, wat d’Ausschaffe vum neie „Wäerteunterrecht“ ugeet, deen a noer Zukunft souwuel de Reliounsunterrecht ewéi och déi aktuell Morale laique ersetze soll. Konkret gëtt kritiséiert, datt den Aarbechtstext vun deem neie Fach inhaltlech ze reliounslasteg wier. An och wat d’Prozeduren ugeet, ass d’CCAL onzefridden: de Schwäizer Prof. Dr. Jürgen Oelkers, deen de Lead bei der Entwécklung vum neie Cours huet, wier éischter reliéis orientéiert. Weider seet d’CCAL och, d’Aarbechte misste méi transparent oflafen an op hiren Input misst méi gelauschtert ginn.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don