Entrevue mam Cercle de Coopération des ONG de développement

Archive

3. November 2014

Läschte Freiden (31.10.2014) huet déi gréng Fraktioun, representéiert duerch d’Viviane Loschetter, de Claude Adam an de Fraktiounssekretär Dan Michels, eng Delegatioun vum Cercle des ONG-D empfaangen fir iwwert déi geplangten Ëmstrukturéierung vum Kofinanzement vun de lëtzebuerger ONGen hiren Entwécklungsprojeten, souwéi d’Erofsetzen vum Planfond vum staatlechen Zouschlag fir hir administrativ Käschten ze schwätzen. Des Mesuren déi een ënnert de Punkten 28 bis 30 am Zukunftspak ka rëmfannen, sollen ab 2016 en direkten Impakt op eisen ONGen hier Aarbecht hunn. déi gréng verstinn dofir dem Cercle seng Besuergness. déi gréng wëssen de lëtzebuerger ONGen hier Aarbecht ze schätzen a sinn der Meenung dat eis ONGen och weiderhin sollen e wichtege Rôle an der lëtzebuerger Kooperatiounspolitik spillen. Eng Ëmstrukturéierung vun der lëtzebuerger Kooperatioun, zu Gonschten vun méi enger grousser Effizienz vum Kooperatiounssektor, muss zesummen mat den ONGen gefouert ginn.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don