15. Januar 2020
Eng Delegatioun vun der ALEM (Association Luxembourgeoise des étudiants en médecine) war haut bei eis op Besuch. Am Austausch mam Deputéierte Marc Hansen goung et ëm Theme wéi d’Erausfuerderunge ronderëm d’Dokteschausbildung zu Lëtzebuerg an am Ausland, d’Stagekonditioune vun den Doktere wärend hirer Spezialiséierung an d’Wichtegkeet vun enger Unisklinik fir de medezinesche Standuert Lëtzebuerg.