7. August 2024
Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert eng Verlängerung vun de Grenzkontrollen zum Saarland un den Här Innenminister.
Am Kader vun der Fussballeuropameeschterschaft dëse Summer huet déi däitsch Regierung decidéiert, un de Grenze provisoresch Kontrollen duerchzeféieren. Domat soll verhënnert ginn, dass gewaltbereet Fussballfans a sougenannten Hooligans oder och aner Extremiste wärend der Europameeschterschaft an d’Land areesen. Dës Grenzkontrolle betreffen och Lëtzebuerg, wat deelweis zu staarke Behënnerungen am Trafic an de Grenzregioune gefouert huet, och wa mëttlerweil nëmmen nach Kontrollen am Territoire vun Däitschland selwer duerchgefouert ginn, an net méi op de Grenzbrécken. Dës Moossnam soll bis den 19. Juli daueren, duerno si keng Grenzkontrolle méi geplangt.
Am Saarland ginn et awer aktuell Diskussiounen iwwert eng eventuell Verlängerung vun dëse Grenzkontrollen iwwert den 19. Juli hinaus, déi besonnesch vun der Saar-FDP gewënscht gëtt. Dës wier virun allem fir Frontaliere problematesch, déi weiderhi mat staarke Behënnerunge vum Beruffstrafic a Richtung Däitschland konfrontéiert wieren.
An dësem Kontext erlaben ech mer follgend Fro un den Här Minister ze stellen: