En(g) Attaché(e) parlementaire | CDI ab Januar

Green Job

15. November 2024

 

 

déi gréng an der Chamber rekrutéieren:

En(g) Attaché(e) parlementaire – CDI ab Januar 2025 | Vollzäit: 35 Stonnen/Woch

 

  • Du interesséiers dech fir Politik?
  • Du wëlls déi gréng Deputéiert an hirer politescher Aarbecht ënnerstëtzen a beroden?
  • Du hues e Masterstudium an engem relevante Beräich fir dëse Posten, wéi z.B.:
    • Ëmweltwëssenschaften,
    • Energiewëssenschaften,
    • Sozialwëssenschaften
    • Politikwëssenschaften,
    • Ekonomie
    • Droit
    • Mobilitéit/Mobilitéitsmanagement,
    • Génie civil
  • Du kanns exzellent Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch schreiwen?

 

Da schéck deng Kandidatur bis den 01. Dezember (inclus) 2024 eran.

Fëll dofir w.e.g. dëse Formulaire aus a schéck e bis den 01.12.2024 un gdeltgen@chd.lu

>>> Mir berécksiichtegen nëmme Kandidaturen, déi iwwert dëse Wee erakommen!  <<<

 

POSTEBESCHREIWUNG

 

Zu dengen Aufgabe gehéieren ë.a.:

  • suivi des travaux parlementaires et gouvernementaux ;
  • suivi de l’actualité politique nationale, européenne et internationale ;
  • travail thématique sur dossier et/ou commission parlementaire ;
  • recherche documentaire
  • rédaction de textes tels que: dossiers et communiqués de presse, questions parlementaires, amendements, notes de synthèse et de rapports parlementaires ;
  • participation à la réflexion stratégique et à la formulation d’initiatives politiques ;
  • travail de secrétariat administratif ;
  • préparation et suivi de réunions, organisation occasionnelle de séminaires et conférences;
  • représentation occasionnelle de l’employeur ;
  • archivage.

Wat mir eis vun dir wënschen:

  • E fundéiert Verständnis vun der politescher Landschaft hei zu Lëtzebuerg.
  • En Intressi un der grénger Politik an un de Positioune vun der grénger Fraktioun
  • E gutt politescht Urteelsverméigen
  • En Masterstudium an engem relevante Beräich
  • Eng exzellent Maîtrise vun der Franséischer, Däitscher a Lëtzebuergescher Sprooch.
  • D’Fäegkeet fir komplex politesch Inhalter einfach kënnen ze vermëttelen
  • Initiativgeescht an d’Fäegkeet, fir souwuel selbstänneg, wéi och zesummen an enger Ekipp kënnen ze schaffen
  • E kale Kapp an d’Kapazitéit den Iwwerbléck ze behalen… och a méi hekteschen Zäiten

 

Wat mir dir offréieren:

  • E spannend an dynamescht Aarbechtsëmfeld an enger kollegialer Equipe
  • E Vollzäit-CDI. An der grénger Fraktioun ass dat eng 35 Stonnewoch
  • Eng fair Pai, mat engem 13. Mount a Chèques-Repas.
  • Flexibel Aarbechtszäiten, mat der Méiglechkeet deelweis vun doheem aus ze schaffen
  • D’Méiglechkeet fir dech weider ze forméieren
  • Verschidden Offeren am Kader vun eiser Gesondheetsstrategie

 

Fëll dofir w.e.g. dëse Formulaire aus a schéck e bis den 01.12.2024 un gdeltgen@chd.lu

 

___________________________

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don