24. April 2014
2 Froen un d’Viviane Loschetter, Präsidentin vun der grénger Fraktioun, an de Video vun der Budgetsried
Dëse Budget 2014 gëtt oft als Iwwergangsbudget bezeechent. Wou féiert deen Iwwergank dann hin?
Viviane Loschetter: Et ass en Iwwergangsbudget, well en vun der viregter Regierung preparéiert gouf an déi nei Regierung nëmmen konnt begrenzt Akzenter setzen. Et ass awer och en Iwwergangsbudget well mer eis mussen op de Verloscht vun ronn 600 Milliounen Euro TVA-Recetten aus dem E-Commerce virbereeden. Dat sinn 5 % vun de Recetten, déi eis am Joer 2015 feelen an dann och déi Joren duerno net méi erëmkommen. Déi viregt Regierung wosst zwar schonns dat et esou géing kommen, huet eist Land awer net op déi nei Situatioun virbereed.
Wou gëtt da gespuert a wéi eng gréng Akzenter sinn trotzdem méiglech?
Viviane Loschetter: Gespuert huet des Regierung emol fir d’éischt bei hiren eegenen Depensen, de Fonctionnementskäschten. Déi gréisser Reformen, och eng sozial gerecht Steierreform gëtt am Moment preparéiert a wäert am Laf vum Joer diskutéiert ginn. Mir musse virun allem eis Investissementer mëttel a laangfristeg plangen, well d’Schold vum Staat dierf net weider klammen.
Trotzdem ass dëst keen Austeritéitsbudget. Akzenter gi gesat a Beräicher, déi wichteg si fir Zukunft vum Land: bei de Kanner a Jugend-Infrastrukturen, well et wichteg ass alle Kanner vun Ufank un eng zolitt Stäip ze bidden. Genau esou e wichtege Punkt ass d’Aarbechtslosegkeet an de Grëff ze kréien. Grad bei de Jonken, kënnt et dorobber un mat enger gudder Beruffsausbildung de richtegen Astieg an d’Aarbechtsliewen ze fannen. Dofir wëlle mer bei der Jobgarantie Vollgas ginn an d’Adem dem entspriechend stäerken.
Deen aner grousse Chantier ass dee vum Tram, do gëtt méi schnell gebaut ewéi ursprénglech geduecht. Doduerch wärt den Tram schonns 2020 de Leit eng reell Plus-Value bidde wann et drëms geet bëlleg, einfach flexibel op d’Aarbecht ze kommen.