D’Zukunft vun den nationale Servicer vun der Caritas

Réponse QP

12. November 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Djuna Bernard iwwert d’Zukunft vun den nationale Servicer vun der Caritas un den Här Familljeminister.

Am Kontext vun der Caritas-Affär huet d’Regierung an de lëschte Woche reegelméisseg op Nofro hin ënnerstrach datt keng national konventionéiert Servicer vun der Caritas zu Lëtzebuerg agestallt géife ginn. Eis ass allerdéngs zu Ouere komm datt ënnert anerem am Inklusiounszentrum Centre Oasis zu Woltz all Kueren déi vu Freelancer offréiert goufe, bis op Weideres annuléiert goufen. De Centre Oasis setzt sech besonnesch fir de sozialen Zesummenhalt an der Gesellschaft an d’Integratioun an, an offréiert soziokulturell a pädagogesch Aktivitéiten, ewéi zum Beispill Sproochekueren a Formatiounen. Den Zentrum, deen et säit méi wei 20 Joer gëtt a bis haut 7.500 Leit mat 73 verschiddenen Nationalitéiten empfaangen huet, riicht sech virun allem un d’Bierger.innen am Norde vum Land a schafft mat Acteuren, ewéi de Gemengen oder Schoulen, zesummen.

An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Kann den Här Minister bestätegen datt d’Servicer vum Centre Oasis déi bis dato vu Freelancer assuréiert goufen agestallt goufen? Wa jo, gedenkt den Här Minister hei anzegräifen an d’Weiderféiere vun dëse wichtege Servicer fir den Zesummenhalt an d’Integratioun an eiser Gesellschaft z’assuréieren?
  • Ginn et nach aner Servicer am Land déi betraff sinn an och agestallt goufen oder wäerte ginn, obwuel et sech em national konventionéiert Servicer handelt? 

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don