26. September 2024
Parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Djuna Bernard iwwert d’Zukunft vun de sozial Epicerien un den Här Familljeminister.
D’sozial Epicerië sinn en noutwennege Bestanddeel vun der Aarmutsbekämpfung zu Lëtzebuerg. Hiert Zil ass et, Ausgrenzung ze bekämpfen, andeems vun Aarmut betraffe Leit Liewensmëttel an Hygiènesartikelen zu Präisser offréiert kréien, déi bis zu 70% méi gënschteg sinn ewéi a konventionelle Supermarchéen. Zousätzlech gehéieren och sougenannte liewensnoutwenneg Produiten zum Sortiment, déi gratis verdeelt ginn. Soumat gëtt d’Kafkraaft vun de Mënschen a prekäre Situatiounen erhéicht, an den Zougang zu frëschen a qualitativ héichwäertege Produiten erméiglecht. Verschidde sozial Epicerien offréieren zudeem eng Aart “Kleederstuff”, wou een d’Méiglechkeet huet second-hand Kleeder zu niddrege Präisser ze kafen.
Duerch d’Verontreiung vu Gelder bei der Caritas, an enger ugekënnegter Liquidatioun, wäerten op der enger Säit eng Rei Servicer bei déi nei gegrënnten Associatioun “Hëllef um Terrain (HUT)” iwwergoen, déi d’Caritas ab Oktober als Déngschtleeschter fir de Staat ofléist. Op där anerer Säit wäerte Servicer agestallt musse ginn. Obwuel d’Regierung annoncéiert huet just déi Servicer vun der Caritas weider finanziell ze ënnerstëtzen déi eng Konventioun mam Staat hunn, huet den Här Familljeminister an enger rezenter Chamberkommissioun ugekënnegt datt d’sozial Epicerien e wichtege Bestanddeel vun der Aarmutsbekämpfung zu Lëtzebuerg sinn an hie Kontakt mat de betraffene Gemenge géif ophuele fir dofir ze suergen, datt dës wichteg Servicer och an Zukunft weider assuréiert wäerte ginn.
An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un den Här Minister ze stellen :