D’Zukunft vun de sozial Epicerien

Réponse QP

12. November 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Djuna Bernard iwwert d’Zukunft vun de sozial Epicerien un den Här Familljeminister .

D’sozial Epicerië sinn en noutwennege Bestanddeel vun der Aarmutsbekämpfung zu Lëtzebuerg. Hiert Zil ass et, Ausgrenzung ze bekämpfen, andeems vun Aarmut betraffe Leit Liewensmëttel an Hygiènesartikelen zu Präisser offréiert kréien, déi bis zu 70% méi gënschteg sinn ewéi a konventionelle Supermarchéen. Zousätzlech gehéieren och sougenannte liewensnoutwenneg Produiten zum Sortiment, déi gratis verdeelt ginn. Soumat gëtt d’Kafkraaft vun de Mënschen a prekäre Situatiounen erhéicht, an den Zougang zu frëschen a qualitativ héichwäertege Produiten erméiglecht. Verschidde sozial Epicerien offréieren zudeem eng Aart “Kleederstuff”, wou een d’Méiglechkeet huet second-hand Kleeder zu niddrege Präisser ze kafen.

Duerch d’Verontreiung vu Gelder bei der Caritas, an enger ugekënnegter Liquidatioun, wäerten op der enger Säit eng Rei Servicer bei déi nei gegrënnten Associatioun “Hëllef um Terrain (HUT)” iwwergoen, déi d’Caritas ab Oktober als Déngschtleeschter fir de Staat ofléist. Op där anerer Säit wäerte Servicer agestallt musse ginn. Obwuel d’Regierung annoncéiert huet just déi Servicer vun der Caritas weider finanziell ze ënnerstëtzen déi eng Konventioun mam Staat hunn, huet den  Här Familljeminister an enger rezenter Chamberkommissioun ugekënnegt datt d’sozial Epicerien e wichtege Bestanddeel vun der Aarmutsbekämpfung zu Lëtzebuerg sinn an hie Kontakt mat de betraffene Gemenge géif ophuele fir dofir ze suergen, datt dës wichteg Servicer och an Zukunft weider assuréiert wäerte ginn.

An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Kann den Här Minister confirméieren datt keng sozial Epicerie vun der Caritas zou muss maachen an dat betraffent Personal hir Poste behale wäerten? Wa jo, wéi ginn dës Servicer an d’Personal ab Oktober finanzéiert?
  • Huet den Här Minister, ewéi ugekënnegt, Kontakt mat de Gemengen opgeholl déi eng sozial Epicerie vun der Caritas op hirem Territoire accueilléieren? Wa jo, wou befannen sech déi aktuell Verhandlunge wat d’Finanzéiere vun de Servicer ubelaangt?
  • Wéi goufen d’Office sociaux’en déi mat sozial Epicerië vun der Caritas zesummeschaffen iwwert déi zukünfteg Zesummenaarbecht informéiert? Huet déi aktuell Situatioun vun der Caritas aktuell en Impakt op d’Clientë vun de sozial Epicerien vun der Caritas? 

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don