D’Weiderféierung vun de Verhandlunge fir d’Nordstadfusioun

Réponse QP

5. November 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert d’Weiderféierung vun de Verhandlunge fir d’Nordstadfusioun un den Här Inneminister an den Här Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung .

De 25. September 2024 huet de Gemengerot vu Bettenduerf sech géint d’Weiderféiere vun de Verhandlunge fir d’Nordstadfusioun ausgeschwat. Nieft der Fro vun der Legalitéit vun dësem Vott, stellt sech och d’Fro wéi d’Verhandlungen elo weiderginn. Laut verschiddenen Presseartikele wëllen déi 4 Gemengen déi un der Fusioun festhalen sou schnell wéi méiglech un dësem Projet weiderschaffen.

An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Wat ass de konkreten Impakt vun der Decisioun vum Bettenduerfer Gemengerot op d’Suite vun de Verhandlungen?
  • Wéi gedenkt d’Regierung d’Zesummenaarbecht an d’Verhandlunge vun de Gemengen Dikrech, Ierpeldeng un der Sauer, Ettelbréck a Schieren an Zukunft ze ënnerstëtzen (op finanziellem Niveau, a puncto Expertise, asw.)?
  • Wéi gedenkt d’Regierung d’Nordstadfusioun bei de Bierger:innen ze promouvéieren?

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don