D’Vereedegung vun neie Policebeamt*innen

Question parlementaire

10. Juli 2024

Parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert d’Vereedegung vun neie Policebeamt*innen un den Här Innenminister .

Am Abrëll dëses Joers goufen 170 Policebeamt*innen nei vereedegt, nodeems se hir Ausbildung erfollegräich ofgeschloss hunn. Dës Beamt*inne kompenséieren net nëmmen eng Partie Pensionéierungen, mee féieren zu enger Netto-Augmentatioun vun 90 Beamt*inne bei der Police.

Fir den Impakt vun dësem zousätzleche Personal op d’ëffentlech Sécherheet ze verstoen, erlaben ech mer follgend Froen un den Här Minister ze stellen:

  • Wat fir Kommissariater, Unitéiten oder Servicer vun der Police hu vun dëser Verstäerkung profitéiert?
  • Wéi ass déi genee Opdeelung an Zuelen?

Parlamentaresch Fro

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don