D’Situatioun vu Sans-abrien zu Lëtzebuerg

Question parlementaire

20. November 2024

Parlamentaresch Fro vun eisen Députéierten Djuna Bernard an Joëlle Welfring iwwert d’Situatioun vu Sans-abrien zu Lëtzebuerg un den Här Minister Familljeminister.

De 15. November 2024 huet d’Wanteraktioun (WAK) um Findel erëm hir Dieren opgemaach. Wärend de kale Wanterméint offréiert d’WAK Leit déi ouni Daach iwwert dem Kapp liewen en temporären Ënnerdaach, Iessen an Zougang zu sanitären Infrastrukturen a bestëmmte Servicer.

Am Juli dëst Joer huet d’Associatioun “Solidaritéit mat den Heescherten” op eng Rëtsch problematesch Zoustänn am Hibléck op d’Obdachlosegkeet zu Lëtzebuerg opmierksam gemaach, wei zum Beispill datt et ee ganz staarke Manktem u Foyere fir Sans-abrien am Land gëtt. An enger Chamberkommissioun huet den Här Minister präziséiert datt reegelméisseg Appeller un d’Gemenge gemaach gi fir méi dezentral Strukturen (z.B. Housing first Wunnengen…) an änlech Aktiounen ewéi d’WAK ze schafen. Et gouf ënnerstrach datt ee präventiv handele soll a méi kléng Strukture verdeelt am Land fir e bessert Encadrement a méi Akzeptanz suerge géifen.

2023 gouf de kommunale Pakt fir dat interkulturellt Zesummeliewe geschaf, deen op dem Pilotprojet vum “Pakt vum Zesummeliewen” opbaut, an dat interkulturellt Liewen am Land  fërdere soll. Beim Projet geet et dorëm datt de sozialen Zesummenhalt, ewéi d’Bekämpfung vun all Form vun Diskriminéierung, an d’Zesummeliewen op géigesäitegem Respekt, Toleranz, a Solidaritéit gefërdert soll ginn.

An dësem Kontext erlabe mir eis follgend Froen un den Här Minister ze stellen:

  • Wat huet d’Regierung säit der Chamberkommissioun am Juli ënnerholl fir d’Gemengen als zousätzlechen Acteur beim Kampf géint d’Obdachlosegkeet mat an d’Boot ze huelen ?
  • A wéi enge Gemenge ginn et scho Strukturen déi am Beräich vum Sans abrisme aktiv sinn ? Ginn et op kommunalem Niveau konkret Beispiller a positiv Erfarungen déi vu weidere Gemenge genotzt respektiv ëmgesat kéinte ginn ? 
  • Am Hibléck op d’Schafe vun dezentrale Strukture fir Sans abrien, respektiv zousätzlechen Housing first Wunnengen, wéini gedenkt den Här Minister déi ugekënnegt Strategie Housing led ze finaliséieren an ze präsentéieren ? Wéi eng Acteure gi beim Ausschaffe vun dëser Strategie mat agebonnen ?
  • Gedenkt den Här Minister, am Esprit vum Konzept vun anere Pakten ewéi dem Klima- oder Naturpakt, ebenfalls de Pakt fir dat interkulturellt Liewen an de Gemengen am Hibléck op de Kampf géint d’Obdachlosegkeet als fräiwëllegt Instrument verstäerkt ze notzen a weider ze entwéckelen ? Wa jo, wei kéint dës Weiderentwécklung ausgesinn? 

Parlamentaresch Fro

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don