D’Sécherheet vu Foussgänger.innen a Vëlosfuerer.inne am Stroosseverkéier

Réponse QP

13. August 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert d’Sécherheet vu Foussgänger.innen a Vëlosfuerer.inne am Stroosseverkéier un d’Madamm Mobilitéitsministesch .

D’Sécherheet vun de Foussgänger.innen a Vëlosfuerer.innen am Stroosseverkéier ass en zentraalt Element vun der Verkéierspolitik. Besonnesch bei lafende Chantieren, wou déi üblech Verkéiersweeër deels ageschränkt sinn, ergi sech besonnesch Erausfuerderungen. Ëm dëse Sujet goung et och an engem rezenten Presseartikel, an deem den Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper op déi aktuell Chantierssituatioun um Houwald opmierksam gemaach huet. Wärend den Tram scho fiert, lafen d’Bauaarbechten nach weider, fir vereenzelt Amenagementer vun der Infrastruktur ze finaliséieren. Dëst féiert momentan dozou datt et keng sécher Zebrasträifen a keng fonctionéierend rout Luuchte ginn.

An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un d’Madamm Ministesch ze stellen :

  • Ginn et spezifesch Virschrëften fir den Aménagement vun sécheren Zebrasträife wärend Chantiersaarbechten? Falls jo, wéi gëtt d’Anhale vun dëse Sécherheetsvirschrëften iwwerwaacht a wéi eng Kontrollen ginn duerchgefouert?
  • Wéi gi Foussgänger.innen a Vëlosfuerer.inne generell bei der Planung a beim Oflaf vu Chantiere, an den eventuell domat verbonnenen Deviatiounsweeër, berécksiichtegt?
  • Ginn et Donnéeën zu Accidenter oder änleche Virfäll bei Foussgänger.innen a Vëlosfuerer.innen déi wärend lafende Chantiersaarbechten passéiert sinn? Wa jo, zu wéivill Virfäll ass et an de leschte 5 Jor komm?

Stroosseniwwergäng fir Foussgänger.innen a Vëlosfuerer.innen stelle besonnesch baussent an am Agang vun den Uertschaften eng Erausfuerderung duer, well d’Gefierer an deene Beräicher oft méi schnell ënnerwee sinn an d’Sécherheetsverhältnisser variéiere kënnen.

  • Wéi gesäit d’Ministesch d’Reglementatioun vun Zebrasträifen ausserhalb vun Uertschaften an an den “Entrées en localité”?
  • Wéi gesäit d’Ministesch an dësem Zesummenhang d’Kollaboratioun tëscht dem Staat an de Gemengen?

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don