D’Qualitéitssécherung an der non-formaler Bildung
Question parlementaire
26. November 2024
Parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Djuna Bernard iwwert d’Qualitéitssécherung an der non-formaler Bildung un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.
De Staat huet am September 2016 en Dispositif agefouert, deen d’pedagogesch Qualitéit am Beräich vun der non-formaler Bildung garantéiere soll an dee fir all Bildungs- a Betreiungsstrukturen, Minicrèchen an Dageseltere gëllt, déi Prestatairë vum Chèque-service-accueil-System (CSA) sinn.
An dësem Kontext gëtt et zanter Ufank 2022 gratis Formatioune fir d’Erzéiungspersonal an d’Dageselteren esou wéi d’Direktiounsekippen an den Ariichtungen. De Suivi vun der pedagogescher Qualitéit gëtt um Terrain vun den Agent.e.s régionaux.ales sécher gestallt.
An dësem Kontext erlabe mir eis follgend Froen ze stellen :
- Ass et richteg dass et am MENJE um Niveau vun der zoustänneger Administratioun zu Ëmstrukturéierunge komm ass, wat d’Qualitéitssécherung ugeet? Wa jo – wéi eng wieren dat?
- A wéi wäit gëtt de säit e puer Joer funktionéierenden Dispositif vun der Weiderbildung an der non-formaler Bildung elo mat deem vun der Aide à l’enfance harmoniséiert?
- Wéi ass d’Auslaaschtung vun de Formatiounsagencen? Wéi vill Formatiounen ginn all Joer an Usproch geholl a wéi ass de Finanzéierungsschlëssel vun dëser Offer?
- Ass den Här Minister zefridde mam opgebaute System vu Formatiounen a gëtt dee reegelméisseg – zesumme mat den Agencen sou wéi der FEDAS an der FELSEA evaluéiert?
- Hält den Här Minister gär dru fest, dass déi sougenannten “Sur-Mesure Stonnen” an der Formation continue op maximal 24 Stonne pro Tranche vun 12 Mataarbechter.inne limitéiert bleiwen?
- A wéi wäit denkt den Här Minister driwwer no, fir d’Konzept vun den Agent.e.s regionaux.ales weider ze entwéckelen?
- Wéi eng Méiglechkeeten envisagéiert de Minister fi d’Vernetzung tëscht den Agent.e.s regionaux.ales, der Formatiounsoffer an aneren Qualitéitsentwecklungsméiglechkeeten ze förderen?
Parlamentaresch Fro