Disziplinarverfare bei der Police

Réponse QP

28. Oktober 2024

Äntwert op d‘ parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert en Disziplinarverfare bei der Police un den Här Inneminister weiderzeleeden.

An engem rezente Pressebäitrag gëtt opgeworf, dass de Lëtzebuerger Policegewerkschaftsverband SPFP der Police virwerft, de Generalsekretär vun der Policegewerkschaft SNPGL mat ongerechtfäerdegten Disziplinarmoossnamen ze schikanéieren, fir säi méigleche Récktrëtt ze provozéieren. Dëse Konflikt hätt ugefaang wéi hien E-Bikes vun enger Gemeng ugeholl huet, fir Patrullen ze fueren, well d’Police selwer keng zur Verfügung gestallt huet, wat zu Disziplinarmoossname gefouert huet. Den SPFP mengt, datt dëst bewosst gemaach gëtt, fir hie wéinst senger gewerkschaftlecher Roll ze diskreditéieren.

An dësem Kontext erlaben ech mer follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Wéi schätzt de Minister d’Virwërf an, datt Disziplinarmoossname benotzt géife ginn, fir e Gewerkschaftsleader ze schwächen? Ass dëst als en Afloss op d’Gewerkschaftsfräiheet ze wäerten?
  • Wat sinn déi intern Mechanismen déi solle sécherstellen, dass Disziplinarverfaren net als Schikan kënne genotzt ginn?
  • Wéi rechtfäerdegt d’Polizeidirektioun den Uerder, d’E-Bikes zeréck ze ginn, a gouf dës Decisioun iwwerpréift?

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don