20. April 2021
Äntwert op d`parlamentaresch Fro vun eiser Députéiert Chantal Gary iwwert d‘Genderaspekter an der Mobilitéitsplanung un den Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Bauten weiderzeleeden :
Laut der Etüd „Mobilität in Deutschland“ (MiD) vum däitsche Verkéiersministère, leeë Fraen am Duerchschnëtt méi kuerz Weeër zeréck ewéi Männer, brauchen dofir awer änlech laang well se méi dacks op Bus a Bunn zeréckgräifen. Laut der MiD Studie hu Fraen an der Moyenne och manner Autoen. D’Auteure vun dëser Etüd hunn awer an engem rezenten Interview zouginn, datt d’MiD Studie zwar eng immens opwänneg Etüd wär, mee se trotzdeem nach eenzel Lächer hätt, wat zum Deel dru leie géif , datt d’Grondkonzeptioun vun der Studie nach aus de 60’er Jore staamt. Et géif zwar draus ervir goen, wien wéivill Weeër mat wat mécht, mee awer net de Grond firwat dës Weeër esou gemaach ginn. An et géif och net gefrot ginn, wéi een d’Mobilitéits-Offer verbessere misst, fir datt dëse Mënschen hir Alldagsdeplacementer méi einfach ginn.
Am Ënnerscheed zu Däitschland gëtt an Éisträich scho méi laang no esou Aspekter gekuckt. Nieft der grousser quantitativer Etüd, maachen d‘Éisträicher och méi déifgräifend Analysen zum ënnerschiddleche Mobilitéitsverhale vu Fraen a Männer a souguer eng Panel-Etüd iwwert d‘Besoine vu Persoune mat Betreiungsaufgaben.
An dem Kontext wéilt ech gäre vum Här Minister folgend Informatioune kréien: