Den Ausbau vun der N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech

Réponse QP

18. November 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert den Ausbau vun der N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Baute .

Am Summer 2021 huet d’Chamber e Finanzéierungsgesetz gestëmmt fir de nërdlechen Deel vun der N7 auszebauen an ze securiséieren. Fir dëse wichtegen Infrastrukturprojet virunzedreiwen huet déi viregt Regierung alles an d’Weeër geleet, fir datt d’Chantiersaarbechten fir d’Streck tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech Ufank 2025 ufänke kënnen.

Am Koalitiounsaccord 2023-2028 gouf wärenddeem festgehal, datt eng Erweiderung vun Deeler vun der N7 op véier Spuere gepréift soll ginn. Well dat aktuellt Finanzéierungsgesetz dësem Ausbau net Rechnung dréit, huet d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten der d’Stroossebauverwaltung den Optrag ginn d’Machbarkeet vum Ausbau ze analyséieren. An hirer Äntwert op meng erweidert parlamentaresch Fro vum Abrëll 2024, huet d’Ministesch annoncéiert datt éischt Resultater vun dëser Etüd no der grousser Vakanz virléie géifen an d’Regierung op där Basis hir Decisioun huele wäert.

An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un d’Madamm Ministesch ze stellen :

  • Huet d’Stroossebauverwaltung hir Analys zum Ausbau vun der N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech op véier Spuere ofgeschloss?
  • Wat sinn d’Resultater vun der Analys?
  • Wei positionéiert sech d’Regierung par Rapport zu de präsentéierte Resultater?
  • Fänkt de Chantier vun der Securiséirung vun der N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech pünktlech Ufank 2025 un?

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don