7. März 2025
déi gréng begréisse grondsätzlech dem Premier Luc Frieden seng Bereetschaft, fir weider un der Säit vun der Ukrain ze stoen, an domat net nëmmen d’Ukrain, mee ons Fräiheeten ze schützen, a fir sech an der aktueller Kris fir e méi staarkt an onofhängegt Europa anzesetzen. Fir ons ass awer kloer: Europa an déi Lëtzebuerger Regierung wäerten un hirem Handele gemooss ginn.
Wéi schonn an der d’Finanz- an der COVID-Kris gëllt och haut: Europa mat senge 450 Millioune Bierger*inne kann enorm vill leeschten an däerf sech grad elo net selwer klengrieden. Aus grénger Siicht ass et dofir ëmsou méi wichteg, fir net d’Feeler aus der Vergaangenheet ze widderhuelen.
Lëtzebuerg ass resilient a steet op zolitte Féiss. Fir datt dat esou bleift wier et elo e Feeler den Invest an d’Infrastruktur, d’Gesondheet, déi Jonk an de Klimaschutz ze kierzen. Ons Demokratien awer, déi sinn a Gefor, an duerfir brauche mir grad elo méi Gerechtegkeet bei der Verdeelung vum Räichtum.
Mir wäerten dofir all d’Proposen, déi elo an Europa an zu Lëtzebuerg ob den Dësch kommen un dräi Krittäre moossen a se engem „Triple-Test” ënnerzéien: Si se gerecht oder onsozial? Si se wäitsiichteg oder schafe se nei Ofhängegkeeten? A gi se couragéiert déi reell Erausfuerderunge vun eiser Gesellschaft un, oder bleiwen se um Niveau vun alen Iddien a falsche Prioritéiten?
Gerecht, couragéiert, wäitsiichteg – déi gréng hu sechs konkret Fuerderungen:
Bei de Finanzen:
1. Dat blockéiert russescht Staatsverméige soll vollstänneg fir d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain erugezu ginn.
2. Eng gerecht Finanzéierung amplaz kuerzsiichteg Austeritéitspolitik.
3. D’Gesellschaft an d’Demokratie stäerken duerch Investitiounen an d’Zukunft.
An der Défense an Aussepolitik:
4. D’Unanimitéitsreegel ofschafen – Sécherheet ka sech kee Veto méi leeschten.
5. Eng europäesch Verdeedegung mat enger gemeinsamer Strategie.
6. Eng gemeinsam EU-Arméi opbauen an Ofhängegkeeten ofbauen.