De Vott vun der Nature Restoration Law
Question parlementaire
15. Juli 2024
Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Joëlle Welfring iwwert de Vott vun der Nature Restoration Law un d’Madamm Ministerin fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.
An engem Artikel an der Lëtzebuerger Press vum 5 Juli 2024 ass ze liesen, dass dem Här Ëmweltminister seng Zoustëmmung fir d’Nature Restoration Law am EU-Ëmweltconseil de 17 Juni bei der Madamm Landwirtschaftsministerin zu “Onmutt” gefouert hätt, an dass dës Ofstëmmung net mat den anere Minister.inn.e vun der Regierung ofgeschwat gi wier.
An dësem Kontext erlaben ech mir follgend Froen ze stellen:
- Huet d’Madamm Ministerin eng aner Positioun zu der Nature Restoration Law wéi déi, déi vum Ëmweltminister am EU-Ëmweltconseil de 17 Juni vertruede gouf?
- Wa jo, wéi ass der Madamm Ministerin hir Positioun zur Nature Restoration Law?
- Ass d’Madamm Ministerin am Virfeld vum Vott beim Här Ëmweltminister intervenéiert fir d’Lëtzebuerger Positioun zum besote Punkt ze änneren?
- Huet d’Madamm Landwirtschaftsministerin d’Lëtzebuerger Positioun zum besote Punkt no senger Adoptioun am EU-Ëmweltconseil de 17 Juni an der Regierung thematiséiert?
Äntwert