De Claude Adam zur Aussen- an Europapolitik

Archive

28. November 2014

E Kuerzinterview mam Claude Adam a seng Ried an der Chamber am Kader vum Débat sur la politique européenne et étrangère

Woufir setzen déi gréng sech an Europa an?

Claude Adam: D’EU muss nees méi solidaresch a kooperativ denken an handelen. Mir brauchen en aktiivt an efficast Europa, dat schnell a geziilt Decisiounen huele kann, fir déi aktuell politesch, economesch, sozial an och ëmweltpolitesch Erausfuerderungen unzegoen. déi gréng gesinn d’EU als noutwennegen Acteur fir Fridden, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet. Nëmmen zesumme kënne mer global Problemer ugoen a léisen.

Wéi gesitt dir d’Chance, fir beim Klimaschutz weider ze kommen ?

Claude Adam: Fir déi nächst UN Klimakonferenz hate mir eis zwar méi ambitiéis Zieler gewënscht, mee datt d’EU elo geschlossen op d’Klimakonferenz op Lima geet, ass e wichtegt Signal. Zu Lima muss de Kader fir de Schluss-Accord, d’nächst Joer zu Paräis, gesat ginn, wou Lëtzebuerg an och d’EU-Presidence duerch eis gréng Ëmweltministesch wäert vertruede sinn. Et gëtt e schwierege Wee op Paräis, dat soll een net verstoppen. Mee déi ganz Presidence ass fir eis gréng e kruziale Moment, fir ze weisen, datt Lëtzebuerg europäesch denkt a schafft.

Wéi positionéieren déi gréng sech, wann et drëms geet den Asaz vun der Arméi a Krisegebidder an d’A ze faassen?

Claude Adam: déi gréng si skeptesch, an ech mengen zu Recht. Den Asaz vum Militär a Libyen war e groussen Echec, déi amerikanesch Invasioun am Joer 2003 am Irak war eng eenzeg Katastrophe. Och den Asaz am Afghanistan ass keng Erfollegsgeschicht. Ob et ee regelrechte Mësserfolleg war, dat wäerte mer gesinn, wann d’Natotruppe bis definitiv fort sinn. Duerfir sinn déi gréng ëmmer an éischter Stell fir Verhandlungen a gesinn ee militärescht Agräifen als allerlescht Mëttel, dat et méiglechst ze evitéiere gëllt.

Mir verstoppen eis awer net hannert eiser pazifistescher Grondhaltung an hunn och an der Vergaangenheet eis Responsabilitéit iwwerholl. Mir hunn Arméi-Missiounen a Krisegebidder matgedroen, och als Oppositiounspartei. Et kann een net vu Verantwortung schwätzen, wann ee vu vireran net bereet ass, sech ze engagéieren. Oder wéi den Cem Özdemir et formuléiert huet: Et kann een den „Islamesche Stat“ net mat Yogamatte bekämpfen.

Wat ass d’Positioun vun déi gréng zu TTIP?

Claude Adam: Mir begréissen der Regierung hiren oppenen Ëmgang mam Dossier. Si huet sech zu Bréissel kloer dofir ausgeschwat, datt eis Sozial- an Ëmweltstandarten hei net dierfen ënnert d’Rieder kommen, an datt se déi aktuell geplangten Inclusioun vu private Schiedsgeriichter ofleent. Mir setzen eis dofir an, datt den Dossier TTIP méi transparent gëtt an datt dës Verhandlunge souwuel vun de Parlamenter wéi och vun den engagéierten Associatiounen a Bierger kënne kritesch begleed an debattéiert ginn. déi gréng hunn an deem Kader och speziell Bedenken a Punkto Gentechnik, Liewensmëttelsécherheet an Dateschutz a wäerten sech dofir asetzen, datt déi europäesch Normen net verwässert ginn.

D’Ried an der Chamber:

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don