D’Aarbechtsklima an der Gemeng Conter

Réponse QP

28. Oktober 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisen Députéierten Djuna Bernard an Meris Sehovic iwwert d’Aarbechtsklima an der Gemeng Conter un den Här Inneminister weiderzeleeden.

Mëtt September hunn d’Gewerkschaft OGBL an d’Oppositiounsparteien aus der Gemeng Conter, hir Suergen a Froen iwwert dat schlecht Aarbechtsklima an der Verwaltung vun dëser Gemeng ëffentlech thematiséiert. D’Gewerkschaft huet erkläert, dass ze vill Leeschtungsdrock, sou wéi ze wéineg Wäertschätzung an Ënnerstëtzung zu Frustratioun, Gesondheetsproblemer, an enger héijer Fluktuatioun beim Personal géife féieren. Laut eisen Informatiounen hätt d’Personalfluktuatioun (Pensiounen net mat agerechent) bei de Gemengebeamt:innen tëscht de Joren 2017 an 2024 bei 59% geleeën.

An dësem Kontext erlabe mer eis follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Wéi ass dem Här Minister seng Vue op dës Situatioun?
  • Sinn den Inneministère oder den Här Minister offiziell iwwert d’Virwërf vum schlechten Aarbechtsklima an der Gemeng Conter informéiert ginn? Ass den Inneministère oder den Här Minister a Kontakt mam Schäfferot?
  • Wa jo, goufe Moossnamen ergraff, fir sécherzestellen, datt d’legal Obligatiounen an der Personalgestioun vun de Gemengenadministratiounen agehale ginn? Wa nee, gedenkt den Här Minister nach an dëser Situatioun ze intervenéieren?
  • Wéi eng spezifesch Richtlinnen a Recommandatiounen gëtt et fir Gemengenadministratiounen, fir eng gutt Personalgestioun an e gutt Aarbechtsklima ze assuréieren?

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don