D’Aarbechtsklima an der Gemeng Conter

Réponse QP

2. Dezember 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisen Députéierten Djuna Bernard an Meris Sehovic iwwert d’Aarbechtsklima an der Gemeng Conter un den Här Inneminister.

Mëtt September hunn d’Gewerkschaft OGBL an d’Oppositiounsparteien aus der Gemeng Conter hir Suergen a Froen iwwert dat schlecht Aarbechtsklima an der Verwaltung vun dëser Gemeng ëffentlech thematiséiert. D’Gewerkschaft huet erkläert, dass ze vill Leeschtungsdrock, sou wéi ze wéineg Wäertschätzung an Ënnerstëtzung zu Frustratioun, Gesondheetsproblemer, an enger héijer Fluktuatioun beim Personal géife féieren.

Als Äntwert op eis QP N°1308 zu dëser Situatioun huet den Här Inneminister confirméiert, dass hie souwuel eng Entrevue mat der Madame Buergermeeschter vu Conter, wéi eng Entrevue mam Schäfferot a mam Syndikat OBGL geplangt hätt. Zur gläicher Zäit huet den Här Inneminister awer och erkläert, dass den Inneministère keng Kompetenze fir d’Personalverwaltung vun de Gemengen huet.

Déi besoten Entrevuen hu laut Berichter an der nationaler Press mëttlerweil stattfonnt, an, obwuel et keng kloer Äntwerte vu Säiten vum Inneministère ginn hätt, hätt dësen awer offréiert eng Mediatioun an d’Weeër ze leeden.

An dësem Kontext erlabe mir eis et follgend Froen ze stellen :

  • Wéi eng Analys mécht den Här Inneminister vun der diskutéierter Situatioun a wéi eng Conclusiounen zitt den Här Inneminister no den zwou Entrevuen déi am Laf vun de leschte Woche stattfonnt hunn ?
  • A wéi engem Kader fënnt déi an der Press annoncéiert Mediatioun statt a wéi eng Parteie sinn un der Mediatioun bedeelegt ?
  • Wéi eng Roll wäert den Här Inneminister respektiv seng Servicer an der Mediatiounsprozedur respektiv dem weidere Opschaffe vun de Konflikter op der Conterner Gemeng spillen ?

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don