Busgare zu Ettelbréck

Réponse QP

8. August 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert d’Busgare zu Ettelbréck un d’Madamm Mobilitéitsministesch.

De 24. Juni 2024 ass d’Busgare zu Ettelbréck nees zeréck op déi südlech Säit geplënnert. Allerdéngs melle verschidde Busfuerer.innen eng Rei Problemer, déi a Verbindung mat dem aktuelle Busarrêt stinn. Eng Problematik stellt ënnert aanerem d’Längt vun dëser provisorescher Bushaltestell duer, wou am Dag eng grouss Unzuel vu Busser hale bleiwen a Passagéier.innen waarden. Wéinst der Längt ass et esou datt déi vereenzelt Busser op verschiddenen Deeler vun der Spuer stall halen, wat reegelméisseg fir Gerenns a Stress bei de Leit suergt.

Laut Zäitplang vum Ministère ass virgesinn datt déi final Busgare fir Enn 2026 soll fäerdeg gebaut sinn, soudass zumindest e minimaalt Ekipement an Amenagement, ewéi zum Beispill en Ënnerdaach a Sëtzplazen, vun dësem laangen a vill frequentéierte Busarrêt virgesi misst ginn.

An dësem Kontext erlaben ech mer et follgend Froen un d’Madamm Ministesch ze stellen :

  • Kann den initialen Zäitplang zur Fäerdegstellung vun der Busgare zu  Ettelbréck agehale ginn ? Falls net, mat wei engem Datum ass ze rechnen ?
  • Ass virgesinn d’Spuer vun dëser laanger Bushaltestell an Zonen anzedeele fir datt d’Passagéier.innen an Zukunft d’Arrivée vun hirem Bus besser anticipéieren ze kënnen ? Falls jo, sollten dës Zonen net och op der elektronescher Tafel ugewise ginn ?
  • Well dës Plaz viraussiichtlech nach e puer Joer als provisoresche Busarrêt genotzt wäert ginn, gedenkt d’Ministesch de Busarrêt zumindest mat enger Mindestaustattung ze ekipéieren ? 

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don