Bréifwal

Réponse QP

18. Juli 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic un den Här Innenminister iwwert d’Bréifwal.

D’Bréifwal gëtt ëmmer méi populär an och bei den Europawalen 2024 hu vill Bierger:innen d’Bréifwal ugefrot. Laut dem Internetsite elections.public.lu waren et der 88.102, 18.000 méi wéi bei de Chamberwalen 2023. Et goufen awer just 84.214 Bulletins gezielt, déi iwwer Courrier erakoumen.

Aus diverse Quelle war ze héieren dass et, nieft de feelende Walinformatiounen a verschiddene Gemengen, och aner Problemer gouf mat der Bréifwal: Enveloppen déi guer net bei de Wieler:innen ukoumen, Enveloppen déi esou spéit ukoumen, dass se net zur Zäit konnten zeréckgeschéckt ginn, Envoië bei deenen eng vun den zwou Enveloppë fir de Retour gefeelt huet. Besonnesch Student:innen am Ausland ware betraff, awer net nëmmen.

Dozou erlaben ech mer et follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Wéi erkläert den Här Inneminister, datt et no jorelaangen Erfarunge mat der Bréifwal nach ëmmer zu esou vermeidbare Panne ka kommen ?
  • Wat gedenkt den Här Inneminister z’ënnerhuelen, fir sécherzestellen, dass bei den nächste Walen de Choix fir d’Bréifwal net bedeit dass ee méiglecherweis eent vu senge wichtegste Biergerrechter net kann ausüben?

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don