Annoncéiert Kontrollen un den franséische Landesgrenzen
Question parlementaire
22. Oktober 2024
Mëndlech Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert déi annoncéiert Kontrollen un den franséische Landesgrenzen un den Här Ausseminister an den Här Inneminister .
Aus enger Kommunikatioun vun der EU-Kommissioun un d’Memberstaate geet ervir, datt ënner anerem Frankräich wäert Kontrollen op senge Grenzen duerchféieren, dëst viraussichtlech vum 1. November 2024 bis den 30. Abrëll 2025. Och d’Grenzen zu Lëtzebuerg wäerte betraff sinn.
An dësem Kontext erlabe mir eis et follgend Froen un d’Häre Ministeren ze stellen :
- U wei enge spezifesche Grenziwwergäng tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ginn dës Kontrollen duerchgefouert? Handelt et sech ëm stationär an/oder mobil Kontrollpunkten?
- Zu wéi engen Dageszäite wäerten dës Grenzkontrolle stattfannen, a wei wäert séchergestallt ginn datt dës Kontrollen net wärend den Haaptverkéierszäiten oder Stousszäiten duerchgefouert gi fir zousätzleche Stau fir Grenzpendler ze vermeiden?
- Wéi eng Auswierkungen erwaart sech d’Regierung op d’Pendler déi grenziwwerschreidend schaffen oder liewen, wëssend, datt elo schonn zwee vun eisen dräi Nopeschlänner Grenzkontrollen erëm agefouert hunn?
- Gedenken d’Häre Ministere bei hire franséischen Homologen z‘intervenéiere fir dëse Kontrollen e séiert Enn ze bereeden ?
- Huet d’Regierung Bedenken datt dës nei Grenzkontrollen d’Vertrauen an d’Schengen-Reegelen an d’Reesfräiheet an der EU weider ënnergruewe kënnen?
https://www.chd.lu/fr/seance/2957?startTime=00:26:58