Ännerunge bei den Zougangskrittäre fir den DAP Education

Réponse QP

11. Juni 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eisem Députéierten Meris Sehovic iwwert Ännerunge bei den Zougangskrittäre fir den DAP Education un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Den DAP (Diplôme d’aptitude professionnelle) Education ass eng nei Ausbildung, déi virun zwee Joer agefouert gouf an déi hëllefe soll, d’Penurie u qualifizéiertem Personal an dësem wichtege Secteur ze bekämpfen. D’Aschreiwungszuele weisen, dass dës Offer op e groussen Zousproch bei de Jonke stéisst.

Eisen Informatiounen no gouf et d’lescht Woch eng Reunioun mat den Directricen an Direkteren aus de Lycéeën, wou si informéiert goufen, dass d’Zougangskrittäre fir den DAP Education (DP1ED) drastesch verännert ginn. Sou soll et an Zukunft just nach eng Klass pro Gebai ginn an d’Schüler*inne missten am Virfeld e Stage am edukative Beräich gemaach hu mat positiver Bewäertung. Doriwwer eraus missten d’Schüler*inne bis d’Päischtvakanz eng Lettre de motivation mat der Bewäertung vum Stage un de respektive Lycée schécken, fir no der Päischtvakanz eng Äntwert ze kréien. Fir déi aktuell ronn 500 Plazen fir den DAP Education ze erhalen, misste ganzer 25 Lycéeën eng Klass mat 20 Schüler*innen ubidden. Eisen Informatiounen no wäerten awer just 12 Lycéeën en offréieren.

Déi uewe genannte Changementer goufen, wann se sech da confirméieren, just e puer Schoulwoche virun der Summervakanz annoncéiert. Si wieren eng grouss Verännerung souwuel fir d’Schüler*innen, wéi fir d’Léierpersonal an d’Elteren. Dobäi ass d’Orientéierungsaarbecht mat der Schüler*innen awer e Prozess, deen d’Enseignanten dat ganzt Joer iwwer maachen. Donieft ass och nach ze bemierken dass, well den DAP Educatioun réischt virun zwee Joer agefouert gouf, et aktuell nach keng Absolvent*inne gëtt, unhand vun deenen een d’Formatioun kéint evaluéieren.

An dësem Kontext erlaben ech mer follgend Froen un den Här Minister ze stellen :

  • Kann de Minister déi genannte Changementer effektiv bestätegen, a kann hie confirméieren, dass se schonn en vue vun der nächster Rentrée wäerten a Kraaft trieden?
  • Wa jo, wéi a wéini plangt de Minister, deene verschidde Membere vun der Schoulcommunautéit dës Ännerungen ze erklären, virun allem wann dat a kuerzer Zäit muss geschéien?
  • Wat sinn d’Grënn fir dës Ännerungen, a wat sinn d’Grënn dofir, dass se sou kuerzfristeg virum Enn vum Schouljoer agefouert goufen?
  • Wéi vill Lycéeë wäerten den DAP Education d’nächst Schouljoer ubidden, a wéivill Plaze wäerten et ginn? Wäerten déi uewen ernimmte Changementer net viraussiichtlech zu enger Reduktioun vun den Aschreiwungszuele féieren? Wa jo, steet dat net am Géigesaz zu de rezenten Aussoe vum Här Minister an der Press, dass d’Schülerzuelen an dësem Beräich solle konstant bleiwen?
  • Wat plangt de Minister fir déi Jonk ze maachen, déi dës nei Konditiounen an der kuerzer Zäit bis zum Enn vum Schouljoer net méi erfëlle kënnen?

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don