Aféierung vun der drëtter Sportsstonn op Cinquième a Sixième

Question parlementaire

3. April 2025

Parlamentaresch Fro vun eisen Députéierten Djuna Bernard a Meris Sehovic iwwert d’Aféierung vun der drëtter Sportsstonn op Cinquième a Sixième un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend.

De 24. Februar 2025 huet den Educatiounsminister annoncéiert, dass am Secondaire Classique a Général eng zousätzlech Stonn Sport fir d’Klasse vu 6e a 5e an de Stonneplang integréiert wäert ginn. Fir d’6e-Klasse wäert dëst ab der Rentrée 2025/2026 de Fall sinn, fir d’5e-Klassen ab der Rentrée 2026/2027.

Eisen Informatiounen no ginn et eng Rei Lycéeën am Land, déi elo scho mat de Sportsstonnen un d’Limitte vun hiren Infrastrukturen komm sinn.

Donieft gëtt et och Klassen an de betraffenen Alterskategorien, déi aktuell manner wéi zwou Sportsstonnen hunn. Sou hunn d’Lycéeën am Kader vun hirer Autonomie zum Beispill  d’Méiglechkeet, fir fir verschidde Klassen Adaptatioune vu Stonnepläng virzehuelen. Dëst kann zum Beispill am Kader vun de “Français Plus”- an “ALLET”-Klasse geschéien, wou eng Sportsstonn fir zousätzleche Sproochenunterrecht ka wechfalen.

Mat der Auswäitung op dräi Stonne Sport stellt sech d’Fro, wéi dës Schoule respektiv Klassen se sollen ëmsetzen, an ob net weider Schoule wäerten an d’Situatioun kommen, dass si déi virgeschriwwen Zuel vu Sportsstonnen net kënnen assuréieren.

Och an der Grondschoul ginn eisen Informatiounen no net an all Gemeng, respektiv net an all Schoul déi prinzipiell am Plan d’études virgesinne Stonne Sport ugebueden – entweeder, well net iwwerall genuch Sportinfrastrukturen zur Verfügung stinn, oder aus anere Grënn.

An dësem Kontext erlabe mir eis follgend Froen ze stellen :

  • Kann den Här Minister bestätegen, dass net all d’Lycéeën am Land am Cycle inférieur déi an den reguläre “Grilles horaire” virgesinn Zuel u Sportsstonnen och effektiv ubidden? Wa jo, wéi eng Lycéeë respektiv wéi vill Klassen huelen aktuell eng Adaptatioun vun de “Grilles horaires” vir, bei deenen d’Zuel vun de Sportsstonne reduzéiert gëtt?
  • Wäerten all des Lycéeë respektiv Klassen an Zukunft op dräi Sportsstonne pro Woch mussen eropgoen? Wann net, wäerte si am Kader vun den adaptéierte “Grilles horaires” d’Méiglechkeet behalen, fir just eng Sportsstonn pro Woch unzebidden, oder gëlt an Zukunft e Minimum vun zwou Sportsstonnen?
  • Huet den Här Minister am Virfeld vun der Ukënnegung vun der drëtter Sportsstonn den Echange mat alle Lycéeë gesicht, fir sécher ze stellen, dass si déi néideg Capacitéiten um Niveau vun den Infrastrukturen hunn? Falls nee, firwat net?
  • Falls et Lycéeë gëtt, déi net genuch Infrastrukture fir déi zousätzlech Sportsstonnen hunn, wéi gedenkt de Minister virzegoen?
  • Kann den Här Minister bestätegen, dass och an de Grondschoulen net iwwerall déi aktuell vum Plan d’études virgesinne Sportsstonnen effektiv offréiert ginn? Wa jo, huet hien e Relevé vun de Schoulen, déi betraff sinn a vun de jeeweilege Grënn fir d’Erofsetze vun de Sportsstonnen?
  • Mat den elo annoncéierten Erhéijunge wäert et esou sinn, dass am Cycle 4 manner Sportsstonne pro Woch virgesi sinn, wéi an de Cyclen dorënner respektiv am Cycle inférieur vum Secondaire. Gedenkt de Minister an Zukunft, d’Sportsstonnen och am Cycle 4 eropzesetzen? Wann net, firwat net?

Parlamentaresch Fro

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don