Administrativen Opwand an der Landwirtschaft

Réponse QP

19. August 2024

Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun eiser Députéierten Joëlle Welfring iwwert den administrativen Opwand an der Landwirtschaft un d’Madamm Ministerin fir Landwirtschaft, Ernährung a Wäibau .

Esouwuel op europäeschem wéi op nationalem Plang gëtt de Besoin fir administrativ Vereinfachung am landwirtschaftleche Beruff diskutéiert. D’administrativ Laascht déi d’Bauer:innen ze droen hunn ass iwwert d’Jore gewuess a féiert dozou dass si ze vill Zäit virum Computer verbrénge mussen. Op europäeschen Niveau goufen am Kader vun dësen Diskussiounen am Numm vun der Vereinfachung verschidden Ëmweltoplagen opgeweecht, a weider Vereinfachunge stinn an der Diskussioun.

An dësem Kader gouf vun der europäescher Kommissioun eng Online-Ëmfro ausgeschafft, bei där Landwirt:innen konnten indiquéiere wéi vill Zäit se mat administrativen  Aufgabe verbréngen a wéi si d’Komplexitéit vu verschiddene Prozeduren a Reegelen aschätzen.

An der selwechter Kommissioun gouf op meng Nofro hin erkläert, dass et zu Lëtzebuerg nach keng konkret quantitativ Evaluatioun vun der administrativer Charge vu Landwirt:innen gemaach gouf.

An dësem Kontext, erlaben ech mer follgend Froen ze stellen:

  • Wat sinn d’Haaptconclusioune vun der europäescher Online-Ëmfro par rapport zu de Grënn fir d’administrativ Charge an d’Aschätzung vun der Komplexitéit vu Prozeduren a Reegelen ?
  • Ugesinn dass d’Thema vun der iwwerméisseger administrativer Charge an de Besoin fir administrativ Vereinfachung aktuell eng vun den Haaptuleiessen aus dem landwirtschaftleche Secteur ass, gedenkt d’Madamm Ministerin eng Etude an Optrag ze ginn, déi d’administrativ Charge quantitativ a qualitativ evaluéiert ?
  • Wann jo, wéini wäert dës Etude ausgefouert ginn, wat wäert präzis studéiert ginn a fir wéini kann ee Resultater erwaarden?
  • Wann nee, ass d’Madamm Ministerin net der Meenung dass eng evidenzbaséiert Politik och an dësem Beräich vu Wichtegkeet ass an des Donnéeën wichteg wiere fir e Maximum u Landwirt:innen  duerch zilgeriicht an effizient Vereinfachunge maximal ze entlaaschten ?
  • Nach ëmmer am Fall wou keng Etude an dësem Sënn soll duerchgefouert ginn, wéi gedenkt d’Madamm Ministerin sécherzestellen, dass hir Politicken am Beräich vun der administrativer Vereinfachung  hiert effektiivt Zil erreechen?

Parlamentaresch Fro

Äntwert

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don