5G: 3 Froen un de Marc Hansen

Interview

18. Juni 2019

Déi éischt 5G-Pilotprojete si schonn am Gaang. Op wat muss d’Politik oppassen?

Fir eis gréng ass et extrem wichteg, datt d’Pilotprojete vun engem Monitoring begleet ginn an d’Konklusioune vun deem Monitoring bei der Installatioun vum 5G Reseau berécksiichtegt ginn, besonnesch wann et ëm gesondheetlech Froe geet. De Principe de précaution muss agehalen an d’Leit uerdentlech iwwert déi nei Technologie informéiert ginn, an déi bescht Aart a Weis fir domadder ëmzegoen.

Ass den neie 5G Réseau da méi geféierlech wéi eis aktuell Mobilfunk-Technologie?

De 5G benotzt engersäits Frequenzen, déi mer elo och scho gebrauchen, anerersäits awer och Frequenzen am ganz héije Wellespektrum, ganz no um Infraroutberäich. Dës Welle sinn nach net op hir Niewewierkungen ënnersicht, mee mir wëssen awer schonn, dass se net an de Kierper andréngen an och net duerch Mauere ginn. Méiglecherweis sinn dës Frequenzen also manner gesondheetsschiedlech wéi déi aktuell Technologien. Trotzdeem musse mer verantwortungsvoll domadder ëmgoen.

A wat ass mat den Noriichte vu Vullen, déi wéinst dem 5G dout vum Himmel falen?

Et ass eendeiteg nogewise ginn, dass et do keen Zesummenhang mat 5G gëtt. Am Fall vun Den Haag zum Beispill gouf bei all de betraffene Vullen d’Gëft vun der Eibe am Kierper fonnt. Mir ass et immens wichteg, dass mir eng faktebaséiert Diskussioun feieren. Dofir ass et och wichteg, dass bei de Pilotprojeten Transparenz garantéiert ass.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don