De grénge Grupp

déi Gréng an der Chamber

D’Sam Tanson, d‘Joëlle Welfring, de François Bausch an de Meris Sehovic sinn eis 4 Representanten an der Chambre des Député-e-s. Zousätzlech hu mir eng Deputéiert am Europaparlament, d’Tilly Metz. Sie schafft zwar haaptsächlech zu Bréissel an zu Stroossbuerg, ass awer en essentiele Bestanddeel vum grénge Grupp.

Eis Deputéiert bedeelege sech aktiv, wärend de Sëtzungen an den Debatten an der Chamber, un der parlamentarescher Aarbecht an den verschiddene parlamentaresche Kommissiounen, andeems si Stellungnamen, Gesetzespropositiounen, Motiounen a Resolutiounen ausschaffen.

Obwuel se d’Recht op Autonomie am Kader vu sengen Initiativen huet, ass déi gréng Grupp der Partei géigeniwwer responsabel a muss sech un déi festgeluechte politesch Richtlinnen halen. Sie muss den Comité exécutif reegelméisseg iwwert hier Aktivitéiten informéieren an d’Virschléi vum Comité berécksiichtegen.

D’Deputéiert kënnen eng vum Grupp ënnerschiddlech Positioun vertriede, sou laang dës net an Kontradiktioun mat der Grondsazerklärung steet.



Meris Sehovic
Parteipresident
Députéierten
Weider Infos >
François Bausch
Deputéierten
Weider Infos >
Sam Tanson
Deputéiert
Weider Infos >
Joëlle Welfring
Deputéiert
Weider Infos >
Tilly Metz
Europadéputéiert
Weider Infos >

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don